De Martin, de Kevin an de "Knaschti" solle fir de Gangsterboss "Felix" eng scheinbar einfach Saach duerchzéien: eng mysteriéis Täsch vun der krimineller "Konkurrenz" klauen.
Mee schliisslech bréngt de Martin sech em an d'Täsch geet verluer.
De Kevin an de "Knaschti" kréie bis dee nächste Moien Zäit se rëmzefannen...
Domat geroden déi Zwee awer an d'Kräizfeier vun dem Felix sengen exzentresche Killer an der düsterer "Band of Doom". An déi philosophéierend Sadisten a comic-style Dandyen wäerten einfach nëmmen alles ewechblosen, wat tëscht hinnen an deer Täsch steet.
Bei Sonnenopgang brëcht d'Häll lass, während eng Fro nach ëmmer ze kläere bleiwt:
Wie verdammt nach mol ass de Quentin?
Who's Quentin ass e Film, deen als Action 3 - Jugend an Europa-Projet realiséiert ginn ass. D'Grondidee fir d'Konzeptioun vun engem owendfëllende Film an eng fréi Grobversioun vum Skript si schon Ufank 2002 vum Sacha Bachim (Dréihbuchauteur an Regisseur) entwéckelt ginn. Et huet allerdengs eng Zäit gedauert bis sech daat ganzt bis op ee präsentable Niveau konkretiséiert huet.
De Claude Kremer (Technical Superviser a Schauspiller) an Albert Engstfeld (Assistant Director a Schauspiller) si Mëtt 2003 mat an den Projet agestiegen an lues an lues as d'Preproduktiounsphase ageleed ginn. No éischte provisoresche Versich vu Casting, Location-couting, Crew-Rekrutéierungen, Berodung bei Professionellen aus der Filmbranche an techneschen Experimenter as den Fund-Raising lancéiert gin.
No Ofsoen bei Filmfond an CNA hu Sacha Bachim a Frédéric Schwandt als Haaptproduzente vum Film iwwert den SNJ (Service National de la Jeunesse) schlussendlech Enn 2004 eng Méiglechkeet fond, de Film ze finanzéieren. Als Grupp vu jugendlechen Filmbegeeschterten ouni professionellen Hannergrond konnt d'Crew vum Who's Quentin (déi sech zum Schluss aus 70-80 Leit zesummegesaat huet, déi an ënnerschiddlechem Ausmoss un der Entwécklung vum Projet bedeelegt waren) als Jugendinitiative vun der Europäescher Kommissioun ennerstetzt gin. D'Resultat as eng autodidaktesch Zesummenaarbecht vun enger grousser Grupp vun Jugendlechen am kreative Beräich vun der Filmrealisatioun, dee sämtlech Facetten vun dëser Konschtform emfaasst (Schauspill, Technik, Kameraféirung, Set-Décors, Musek, Fotographie, Publicitéit etc).
Den Film as um Enn op e Budget vun 5000-5500€ komm, wouvu 5000€ vu Bréissel finanzéiert gi sinn. Weidert technescht Equipment wéi z.B. e Kamerakran, e Kamerawoon an eng Steadycam si selwer (mat den bescheidene Mëttelen vum Amateurfilmer) zesummegebaut ginn.
D'Preproduktioun gouf mat Schauspillprouwen, Screeningtests, technesche Generalprouwen an Fäerdegstellung vun den Set-décors Ufank 2005 oofgeschloss. Déi konkret Produktiounsphase ass am März 2005 lancéiert gin. Nodeems de selwer geschriwwenen Titelsong Bullets ufanks März am Studio agespillt gouf, war den 1. Dréidaag sonndes, den 13. März an der Kulturfabrik zu Esch-Alzette. Am Juni war de gréissten Deel vum Filmmaterial an der Këscht. Eenzel Pick-up Shots sinn allerdéngs nach verdeelt bis Oktober 2005 verwierklecht gin. Den offizielle Schluss vun den Dréiaarbechten war dënschdes, den 18. Oktober 2005 am Flowers zu Bascharage.
D'Postproductioun an d'Entwécklung vun enger Marketingcampagne mat der Konzeptioun vu Poster, Flyer, T-Shirts etc. ass parallel dozou säit Juli 2005 gelaf. Et ass an der Zäit ausserdeem e Videoclip zum Titelsong realiseiert ginn an e Portfolio vun de beschte Publicity-Fotoen zesummegestallt ginn. Den Film befënd sech säit November 2005 an der Schneidphase an werd viraussiichtlech Fréijoer 2006 an d'Kinoe kommen.